Wéivill Enseignant’en warden nach op eng Regularisatioun, obwuel sie all d’Konditiounen erfëllen fir den Zougang zum Statut vum Professer ze kréien? Wat sinn d’Grënn firwat dëst esou laang dauert?

Här President,

Esou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech folgend parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.

Am Joer 2019 huet den Educatiounsministère Verhandlunge mat de Proffen-Gewerkschafte gehat an an dem Kontext gouf eng Propositioun ausgeschafft, déi de Candidats sursitaires 3 Méiglechkeete bitt fir den Zougang zum Statut vum Professer ze kréien.

Eng Méiglechkeet ass d‘ Remise vun engem sougenannten « travail de candidature », di zweet ass d’ Remise vun engem « travail dans l’intérêt pédagogique du SCRIPT » an di drëtt Méiglechkeet besteet doranner fir eng Unzuel vun den Zäit-Spuer-Kont Stonnen (CET-Stonnen) ze benotzen.

Eisen Informatiounen, sinn eng ganz Rei vu Leit di säit September 2020 eng fäerdeg Demande, par voie hiérarchique, dem Minister zoukomme gelooss hunn, bis haut nach op eng Äntwert waarden. Dëst obwuel si di gefroten 270 Stonnen ugesammelt hunn.

Virun dësem Hannergrond wëll ech folgend Froen un den Här Educatiounsminister stellen:

  • Wéi vill Kandidate si bis haut regulariséiert ginn?
  • Wie vill iwwert de Wee vun der Usammlung vu CET-Stonnen?
  • Wéi vill iwwert de Wee vum travail de candidature respektiv dem travail dans l’intérêt pédagogique du SCRIPT ?
  • Wéivill Enseignant‘ en warden nach op eng Regularisatioun, obwuel sie all d‘ Konditiounen erfëllen?
  • Wat sinn d`Grënn firwat dëst esou laang dauert?

 

Mat déifstem Respekt,

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck