Wat ass der Regierung hier Positioun dozou datt Autorisatiounen ugefrot gi sinn fir Reesen z’organiséieren fir Leit, déi sech am Ausland wëllen impfen loossen ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch wéi och un den Här Minister fir Tourismus betreffend dem Impftourismus weider ze leeden.

Laut eisen Informatiounen wieren Reeseveranstalter drun interesséiert Reesen z’organiséieren fir Leit, déi sech am Ausland wëllen impfen loossen. Esou kéinten nächste Mount déi éischt Busser lassfueren, entweder a Serbien oder Bulgarien. Israel an Dubai wiere weider Pisten. Den Ament géif een nach op d’Autorisatioune waarden.

 

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kann d’Regierung bestätegen datten Autorisatiounen ugefrot gi sinn fir Reesen z’organiséieren fir Leit, déi sech am Ausland wëllen impfen loossen ?
  • Wa jo, wat ass der Regierung hier Positioun dozou ?
  • Kann d’Regierung eis informéieren op des Impfungen zu Lëtzebuerg unerkannt ginn an op dës Persounen och en gréngen Certificat kréien ? Wann jo, wéi eng Impfstoffer géingen unerkannt ginn ?
  • Wëssend datt am Ausland och aner Impfstoffer zougelooss sinn an esou och anerer versprëtzt ginn wéi déi zu Lëtzebuerg, géingen déi Impfungen trotzdeem unerkannt ginn?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen Laurent Mosar
Deputéiert Deputéierten

Zréck