Wéi vill Antigen-Schnelltester huet Lëtzebuerg wéini, wou a bei wéi engem Fournisseur bestallt, reservéiert a kaaft?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.

Schnelltester spillen eng entscheedend Roll fir Schrëtt fir Schrëtt zeréck an eng gewëssen Normalitéit ze kommen. An och fir all Exit-Strategie aus der Pandemie vum Covid-19 eraus

Virun dësem Hannergrond géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Wéi vill Antigen-Schnelltester huet Lëtzebuerg wéini, wou a bei wéi engem Fournisseur bestallt, reservéiert a kaaft? Kéinte mir dat iwwert eng genee Oplëschtung matgedeelt kréien?
  2. No wéi enge legale Prozedure sinn dës Bestellungen, Reservatiounen oder Akeef gemaach ginn?
  3. Zu wéi engem Präis sinn déi jeeweileg Schnelltester bestallt, reservéiert oder kaaft ginn?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen                                  Michel Wolter

               Deputéiert                                         Deputéierten

Zréck