Ass d’Regierung der Meenung datt all Consultatioun, onofhängeg vum Patient senger Alterskategorie, bei all Psychotherapeut vun der CNS misst rembourséiert ginn vir eng Zwouklassegesellschaft ze vermeiden ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir sozial Sécherheet weider ze leeden.

Déi laangjäreg Verhandlungen betreffend der Konventioun tëschend der Krankekeess (CNS) an der Vereenegung vun der Psychotherapeuten (Fapsylux) déi notamment d’Autonomie vun de Psychotherapeuten ewéi och de Remboursement vun der CNS ubelaangen, gouffe bis dato vun Säiten Fapsylux ofgebrach matt der Begrënnung datt d’CNS net ob déi vun hinnen gefuerdert Mindestconditiounen ageet. Effektiv jugéiert Fapsylux dës Conditiounen als néideg, fir eng qualitativ Aarbescht assuréieren ze kënnen.

Am Géigensatz zu den Behandlungen bei Psychiateren an Psychologien, mussen Behandlungen bei Psychotherapeuten bis zu dësem Zäitpunkt aus der eegener Täsch oder vun enger Hëllefsorganisatioun bezuelt ginn, an deem Sënn fuerdert Fapsylux de Remboursement vun der CNS bei all de Psychotherapeuten. Dëst géif déi therapeutesch Hëllef vereinfachen an och méi gerecht maachen.

Och fuerdert Fapsylux ee Remboursement, net nëmmen vir Erwuessener vun 18 bis 60 Joer, mee fir all Alterskategorie, an ënnersträicht datt ee sos en Zweeklassesystem géing schafen.

Desweideren misst den Accès zu der Psychotherapie ouni Ordonnance vum Dokter kënne geschéien, an dëst vir all „trouble mental“.

E weideren Sträitpunkt wier d’Unzuel vun de Sëtzungen, déi rembourséiert ginn, iert entscheet gëtt ob et zu enger psychotherapeutescher Behandlung kënnt oder net. Fapsylux géif dräi fräi Séancen fuerderen, mat der Begrënnung datt een dës Zäit brauch vir kënnen Vertrauen ob ze bauen an eraus ze fannen wéi eng Aart vun Behandlung déi richteg wier. Et hätt een sech op 3 Seancen gëeenegt gehat, mee d’CNS hätt finalement awer lo hier Meenung geännert an géif 1 Seance fuerderen.

 

De Collège médical stellt sech a sengem Avis vum 8. Januar 2020 zum «Projet de règlement grand-ducal portant réglementation des relations entre la Caisse nationale de santé et le groupement représentatif de la profession de psychothérapeute au Grand-Duché de Luxembourg » hannert d’Fuerderungen vu Fapsylux :

 

«A l’avis du Collège médical, le fait de soumettre la prise en charge d’une psychothérapie à une ordonnance médicale préalable à la première séance, risque cependant de retarder la prise en charge d’un patient en souffrance psychique aigüe (exemples classiques étant les « crises de la vie » : séparation, décès, surmenage, licenciement, mobbing, …).

En plus, un médecin, même expérimenté et bien formé, ne peut pas nécessairement se prononcer en une seule consultation sur le nombre de séances et sur la durée nécessaire d’une psychothérapie.

Ainsi, d’un point de vue pratique, le Collège médical propose d’accorder jusqu’à 4 séances exploratrices et de guidance au psychothérapeute, séances à charge de la CNS et ne faisant pas encore partie du traitement psychothérapeutique proprement dit.

Si, à la fin de ces séances, le psychothérapeute estime qu’une psychothérapie est indiquée, il établit un diagnostic psychothérapeutique, un plan de prise en charge et définit lui-même le nombre de séances nécessaires.

(…)

S’il est vrai que le règlement a été élaboré dans les suites de l’échec des négociations entre les acteurs en cause (prestataires et CNS), il reprend la plupart des dispositions à l’argument de la CNS, qui appliquera un contrôle de la pratique de la psychothérapie au moins pour les malades qui auraient droit à une prise en charge par la sécurité sociale.

La loi portant création de la profession de psychothérapeute a été créée pour réglementer le cadre d’exercice de la psychothérapie afin d’en garantir la qualité et la scientificité et par là, d’augmenter l’offre, de faciliter le choix et l’accès à des traitements psychothérapeutiques prestés par des

professionnels formés selon des méthodes reconnues et pris en charge par la CNS.

Pour assurer la qualité, un contrôle exercé par des professionnels compétents et appartenant à l’ACMSS ou à une cellule d’experts à créer est bien justifié. Cependant, une mainmise par la CNS n’est pas souhaitable et pourrait s’avérer inefficace pour pallier la situation actuelle d’une « psychothérapie à 2 classes », l’une pour les moins aisés (sans doute la majorité) qui doivent se soumettre aux lourdes procédures administratives et l’autre pour ceux disposant de fonds propres suffisants pour leur permettre un accès à leur guise. »

 

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Jugéiert d’Regierung déi vun der Fapsylux gefuerdert Mindestconditiounen als néideg fir datt d’Psychotherapeuten eng qualitativ Aarbecht assuréieren kënnen ?
  • Ass d’Regierung notamment der Meenung datt all Consultatioun, onofhängeg vum Patient senger Alterskategorie, bei all Psychotherapeut vun der CNS misst rembourséiert ginn vir eng Zwouklassegesellschaft ze vermeiden ? Falls net, kéint d’Regierung eis de Grond dofir nennen ?
  • Wat ass der Regierung hier Positioun zu Fapsylux hirer Fuerderung datt den Accès zu der Psychotherapie ouni Ordonnance vum Dokter sollt geschéien, an dat fir all „trouble mental“, an datt den Inhalt vun der Kommunikatioun tëscht Dokter an Psychotherapeut misst definéiert ginn ?
  • Ass d’Regierung mam Avis vum Collège médical esou wéi och mat Fapsylux averstanen, d’Unzuel vun de Sëtzungen, iert entscheet gëtt ob et zu enger psychotherapeutescher Behandlung kënnt oder net, bis op 4 ze sëtzen an net nëmmen ob eng eenzeg esou wéi et gefuerdert gëtt vun der CNS ? Mengt d’Regierung och dass méi wéi eng Seance néideg ass vir kënnen Vertrauen ob ze bauen an eraus ze fannen wéi eng Aart vun Behandlung déi richteg ass ?

 

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Spautz Claude Wiseler
Deputéierten Deputéierten

Zréck