Wéi eng Handhab huet den Educatiounsministère fir ze assuréieren an ze kontrolléieren, dass déi definéiert Prozedur vun de Schnelltester an all Schoul d’selwecht applizéiert gëtt ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës drénglech Fro un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.

Zanter e Méindeg ginn d’Schüler an den ëffentleche Schoulen per Schnelltest op eng eventuell Covid-19-Infektioun getest. Déi Schnelltester si wuel fakultativ, ginn awer vum Ministère recommandéiert. Net all Schoul schéngt awer mat der Uweisung vum Ministère averstanen ze sinn. Eisen Informatiounen no stellt souguer eng Grondschoul, déi nom Prinzip vun der inklusiver Pedagogik fonctionéiert, d’Schnelltester an engem Bréif, deen un d’Eltere vun de Kanner verschéckt gouf, a Fro. Et wéilt een de Kanner keen onnéidegen zousätzleche Stress an der Klass bereeden, heescht et dodran. Aus deem Grond géif een de Elteren als zousätzlech Méiglechkeet proposéieren, den Test mat de Kanner doheem ze maachen.

Virum Hannergrond vun eventuelle Problemer bei der systematescher Duerchféierung vun de Schnelltester an der Grondschoul wéilt ech folgend Froen un den Här Educatiounsminister stellen :

  • A wéi wäit huet den Här Educatiounsminister Kenntnis dovun, dass verschidde Schoulen net op enger Linn mat den Uweisunge vum Ministère zu de Schnelltester leien an den Eltere vun de Kanner alternativ Méiglechkeete virschloen ?
  • Wéi eng Handhab huet den Educatiounsministère fir ze assuréieren an ze kontrolléieren, dass déi definéiert Prozedur vun de Schnelltester an all Schoul d’selwecht applizéiert gëtt ?
  • Wéi grouss ass an dësem Kontext den Handlungsspillraum vu Comité d’école a Regionaldirektiounen ?
  • Wéi eng Sanktiounsméiglechkeete si fir de Fall virgesinn, wou eng Schoul sech wëllentlech a wëssentlech net un d’Virgabe vum Ministère hält ?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen

Fraktiounspresidentin

Zréck