Goufen am Kader vun der Kommunikatiounscampagne och nach emol d’Dokteren ugehal mam DSP ze schaffen an och d’Patienten ze sensibiliséieren?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d‘Madamm Gesondheetsminister an den Här Minister fir sozial Sécherheet weider ze leeden.

Enn Dezember 2019 ass d’Testphase vum digitale Patientendossier „Dossier de soins partagé“ (DSP) clôturéiert ginn. Säit Januar 2020 gëtt den DSP generell agesat an am Oktober 2020 gouf eng Kommunikatiounscampagne „MyDSP“ lancéiert an all Affiliéiert perséinlech ugeschriwwen an opgeruff sech um Site anzeloggen a säin Dossier ze personaliséieren.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Wéi vill Leit hunn sech mëttlerweil op MyDSP agelogged an déi gefroten Informatiounen uginn?
  • Goufen am Kader vun der Kommunikatiounscampagne och nach emol d’Dokteren ugehal mam DSP ze schaffen an och d’Patienten ze sensibiliséieren?
  • Ass gewosst wéi vill Doktere systematesch mam DSP schaffen?
  • Wëssend datt den DSP just effikass ass wann e systematesch benotzt gëtt vun allen Dokteren, an d’Patienten och hiren dofir Accord ginn, wat gedenkt d’Regierung ze ënnerhuele fir datt den DSP zu engem generaliséierten Outil ka ginn?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Françoise Hetto-Gaasch

Deputéiert

Zréck