Ass et fir de Grand-Duché denkbar datt Leit déi de kompletten Impfschutz hunn, net méi mussen a Quarantaine wann een aus hirem Stot positiv op COVID-19 getest gëtt ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.

An Däitschland ass elo a verschiddene Bundeslänner virgesinn datt Leit déi de kompletten Impfschutz hunn, net méi mussen a Quarantaine wann een aus hirem Stot positiv op COVID-19 getest gëtt.

Virun dësem Hannergrond géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Vu que datt och bäi eis ëmmer méi Leit duerchgeimpft sinn, wier esou eng Reegelung och fir d’Awunner vum Grand-Duché denkbar?
  2. Wa jo, wat wieren déi genau Modalitéiten a ginn et evtl. nach aner Iwwerleeungen an deem Sënn?
  3. Wann nee, aus wéi enge Grënn?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Martine Hansen                                            Claude Wiseler

Deputéiert                                                     Deputéierten

Zréck