Wéi kann et sinn datt déi nei Busfuerpläng net méi op den Horaire vum Lycée du Nord zu Wolz ofgestëmmt sinn an datt fir d’Schüler doduerch onnéideg „Temps morts“ entstinn ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Mobilitéitsminister an un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.

Vum 9. Mee 2021 un trieden eng Rei nei Buslinnen am Kader vun der Reorganisatioun vum regionale Busreseau RGTR a Kraaft. Am Norde vum Land hunn déi Ännerungen deelweis negativ Auswierkungen op de Schoulwee vun de Jugendlechen, déi mam Bus an d’Schoul fueren – ze gesinn um Beispill vun de Linnen 627 respektiv 622 fir an de Lycée du Nord zu Wolz.

Schüler vu Léifreg (Liefrange) hu bis elo zum Beispill moies um 7.25 Auer d’Linn 620 geholl a si laut Fuerplang um 7.41 Auer am Lycée du Nord zu Wolz ukomm. Well dës Linn vum 9. Mee un net méi iwwer Léifreg fiert, mussen d’Schüler vun dann un d’Linn 627 huelen. Fir moies an de Lycée du Nord ze fueren, musse si de Bus um 6.54 Auer huelen am komme schonn um 7.22 Auer beim Lycée un, well deen nächste Bus fiert eréischt eng Stonn méi spéit. De Fuerplang fir den Heemwee ass ebenfalls zum Nodeel vun de Schüler : Mat der Linn 620 si se um 12.05 respektiv 16.15 Auer zu Wolz an de Bus geklomm, mat der neier Linn 627 fiert hire Bus eréischt um 12.34 respektiv um 16.34 Auer.

Schüler vun Eeschpelt (Tarchamps) hu bis ewell zum Beispill moies um 7.23 Auer d’Linn 622 geholl a si laut Fuerplang um 7.43 Auer am Lycée du Nord zu Wolz ukomm. Fir heem ass hire Bus um 12.08 respektiv um 16.08 Auer gefuer. Mam neie Fuerplang fiert d’Linn 622 vum 9. Mee un eréischt um 7.36 Auer zu Eeschpelt fort, an d’Schüler komme laut Fuerplang eréischt um 8.00 Auer am Lycée du Nord zu Wolz un, d’Schoul fänkt awer schon um 7.55 Auer un. Och um Heemwee ass den neie Fuerplang hei zum Nodeel vun de Schüler : Wa se bis ewell de Bus um 12.08 respektiv 16.08 Auer beim Lycée du Nord konnten huelen, mussen se an Zukunft do bis 12.50 respektiv 16.50 Auer op hire Bus waarden.

Am Kader vun dëse Changementer wéilt ech folgend Froen un den Här Mobilitéitsminister an un den Här Educatiounsminister stellen :

  • Wéi erklären déi Häre Ministere sech, dass déi nei Fuerpläng net méi op den Horaire vum Lycée du Nord zu Wolz – deen an dësen zwee Fäll an der sougenannter „Zone de proximité“ läit – ofgestëmmt sinn an dass fir d’Schüler doduerch onnéideg „Temps morts“ entstinn ?
  • A wéi engem Mooss gëtt assuréiert, dass d’Schüler wärend den „Temps morts“, wärend deene si an Zukunft musse beim Lycée op den Ufank vum Unterrecht oder op de Bus fir heem waarden, net sech selwer iwwerlooss sinn? Wéi ass d’Responsabilitéitsfro gereegelt, am Fall wou de Schüler eppes géif virkommen?
  • Wëssend, dass den Unterrecht um 7.55 Auer ufänkt, wéi ginn déi Häre Ministere mat der Situatioun ëm, dass déi Schüler, deenen hire Bus laut Fuerplang eréischt um 8.00 Auer soll beim Lycée du Nord zu Wolz ukommen, all Dag ze spéit wäerten an hirem Klassesall sinn? Wéi eng Consignen gi fir dëse Fall un d’Direktioun vum Lycée du Nord eraus?
  • Wat plangen déi Häre Ministeren ze maachen, fir den Transport vun dëse Schüler kuerzfristeg ze verbesseren a fir ze evitéieren, dass dës Schüler sech vun hiren Eltere mam Auto wäerte féieren respektiv ofhuele loossen, fir keng onnéideg Zäit mat Waarden ze verléieren?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen

Fraktiounspresidentin

Zréck