Questions parlementaires

Wéi ass d’Positioun vun der Regierung zu engem eventuellen Ausbau vun den Tanklageren zu Mäertert ?

Ass d’Klappjuegd vum 10. Januar un erëm erlaabt an ënner wéi enge Konditiounen ?

Wéi gëtt d’Vaccinatioun am Fleegesecteur organiséiert ?

Opgrond vum Rapport zu dem zweete Pilotprojet vun der Valorlux, gedenkt d’Ministesch dann elo déi ugekënnegt Decisiounen fir eng Erweiderung vun der Sammelpalette vum bloe Sack ze huelen an ze kommunizéieren?

Ass d’Regierung och der Meenung, datt den Transfert vun den Donnéeë vun der “Association des Américains accidentels” un d’Vereenegt Staaten ënnert dem FATCA Regime géint déi europäesch Dateschutzreegelen verstéisst ?

Stëmmt et, datt de Gros vun den Dokteren an den Apdikter nach guer net iwwer d’Impfstrategie vun der Regierung informéiert gi sinn ?

Stëmmt et, datt et den Ament bal onméiglech ass e Rendezvous fir de Large Scale Test iwwer d’Helpline ze kréie, well d’Telefonslinne komplett iwwerlaascht sinn ?

A wéi engem Fall kënnen Persounen, déi duerch eng bestëmmte Krankheet mat Bluttverdënner behandelt ginn, awer géint de Covid-19 geimpft ginn?

Wat ass der Regierung hier Stellung zu der humanitärer Katastroph a Bosnien an a Griichenland? Gedenkt d’Regierung e Bäitrag ze leeschten?

Stëmmt et, datt a verschiddenen Schoulen am Kader vun de „classes de neige“ Schistagen uganks Februar geplangt ginn ?