Kann d’Regierung eis bestätegen datt fir den Hotellerie-Secteur déi selwecht Reegele gëlle wéi am Banneraum vu Restauranten, Baren a Caféen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet an den Här Tourismusminister weider ze leeden.

Eisen Informatiounen no gëtt et gewëssen Onkloerheete wat déi aktuell Covid-Mesuren ugeet, dëst am Beräich vun der Hotellerie, wou et net kloer wier ob Hotel-Gäscht Moies fir de Petit-déjeuner am ëffentlechen Deel vum Hotel mussen en negative Covid-Test virleeën oder sur place maachen.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Kann d’Regierung eis bestätegen datt fir den Hotellerie-Secteur déi selwecht Reegele gëlle wéi am Banneraum vu Restauranten, Baren a Caféen?
  2. Wa jo, deelt d’Regierung d’Meenung datt déi concernéiert Betriber nach emol méi kloer mussen informéiert ginn?
  3. Wann nee, aus wéi enge Grënn gëllen hei aner Reegele wéi am Rescht vum HORECA-Secteur?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Diane Adehm                                                             Claude Wiseler

Deputéiert                                                                 Deputéierten

 

Zréck