Säit 2019 gëtt et e Pilot-Projet bei der Police fir e méiglechen Asaz vu sougenannte Body Cams am Grand-Duché ze préiwen. Wou ass de Pilot-Projet elo no 2 Joer drun? 

 

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet weider ze leeden.

Säit 2019 gëtt et e Pilot-Projet bei der Police fir e méiglechen Asaz vu sougenannte Body Cams am Grand-Duché ze préiwen. Den deemolege Minister Etienne Schneider hat dëse Projet an d’Weeër geleet.  Esou Kameraen déi d’Beamten um Kierper droen, hunn en duebelen Avantage: se stäerken engersäits de Schutz vun de Polizisten an anerersäits hëllefen se d’Fakten ze klären an ze sécheren.

An engem Presse-Artikel vun haut war gewuer ze ginn datt momentan awer nach guer keng Body Cams am Asaz sinn, well de Pilot-Projet nach net esouwäit fortgeschratt wier.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kann de Minister d’Informatioune vun der Presse bestätegen?
  • Wa jo, wou ass de Pilot-Projet elo no 2 Joer drun? Wat gouf konkret bis elo um Pilot-Projet geschafft?
  • Wier d’Uschafe vun enger Rei Test-Body Cams nët en alleréischte sënnvolle Schrëtt an esou engem Projet?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Laurent Mosar            Léon Gloden

           Deputéierten           Deputéierten    

Zréck