D’Niewekäschte vum Wunne klamme permanent. Ginn et Statistiken zu de verschiddenen Niewekäschte (Waasser, Ofwaasser,Offall) vum Wunne pro Gemeng?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu de Gemengentaxen un d’Madamm Inneministesch an un d’Madamm Ëmweltministesch weider ze leeden.

Niewent de Präisser fir d’Terrainen a fir d’Baue klammen och d’Niewekäschte vum Wunne permanent. Vill Gemengen hunn an de leschte Jore missen hier Offall- a Waassertaxen upasse fir käschtendeckend ze ginn a sech sou konform mat den EU-Bestëmmungen ze setzen. Trotzdeem ginn et hei am Land nach ëmmer grouss Divergenzen tëschent de Gemenge bei de Niewekäschte vum Wunnen. Och bei der Grondsteier soll et an Zukunft duerch eng Reform zu Upassunge kommen.

Ech wéilt dofir folgend Froen un d’Madamme Minister stellen:

  • Ginn et Statistiken zu de Niewekäschte (Waasser, Ofwaasser,Offall) vum Wunne pro Gemeng?
  • Wa jo, sinn déi ëffentlech? Wann nee, firwat net?
  • Wéi gedenken d’Madamm an den Här Minister dofir ze suergen dass dës Käschten net nach weider an d’Luucht ginn?
  • Wéi soll d’Reform vun der Grondsteier dofir suergen, dass dës sozial Ongerechtegkeeten net nach méi grouss ginn?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Spautz

Deputéierten

Zréck