Kann d’Regierung matdeelen ob et Critèren ginn wat d’Distributioun vun de Schnelltester un d’Sportveräiner ubelaangt ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den d’Madamm Gesondheetsministesch ewéi un den Här Sportsminister weider ze leeden.

Milliounen un Schnelltester sinn déi lescht Méint iwwert d’Europäesch Unioun bestallt ginn. Wéi ugekënnegt, géif eng grouss Proportioun dovun un d’Entreprisen, d’Spideeler, d’Alters- an d’Fleegeheemer, den Horesca- ewéi och de Sports- a Kulturberäich goen.

Am Kader vun der vum Sports- a Gesondheetsministère ugekënnegter Testcampagne, gin d’Schnelltester un d’Federatiounen, ewéi och un d’Veräiner déi Leeschtungssport bedreiwen verdeelt. D’Federatiounen géifen d’Schnelltester dann un déi eenzel Sportveräiner verdeelen.

Laut mengen Informatiounen géifen et Divergenzen ginn wat d’Verdeelen vun de Schnelltester un déi eenzel Sportsveräiner betrëfft. An deem Sënn géingen e puer Veräiner der méi kréien ewéi anerer.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kann d’Regierung matdeelen ob et Critèren ginn wat d’Distributioun vun de Schnelltester un d’Sportveräiner ubelaangt ?
  • Wa jo, kann d’Regierung des Critèren opzielen ?
  • Wa nee, wéi kontrolléiert d’Regierung datt dës Verdeelung equitabel ofleeft ?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Diane Adehm
Deputéiert

Zréck