Duerch wei eng Moossname solle Methangas-Emissiounen an der Landwirtschaft reduzéiert ginn ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro iwwert den nationale Klima- an Energieplang un den Här Landwirtschaftsminister an un Madamm Ëmweltminister weider ze leeden.

Am Dezember 2020 si Klimaschutzgesetz an den nationalen Energie- a Klimaplang (PNEC) ugeholl ginn. Am Kader vum PNEC ass am Beräich vun der Landwirtschaft virgesinn ënnert anerem Methangas-Emissioune bis 2030 ze reduzéieren. Em wei vill Prozentpunkten des Emissioune sollen erofgoen ass awer net bekannt. Och ass am PNEC net präziséiert mat wei enge konkrete Moossname Regierung wëlles huet Methangas-Emissiounen ze reduzéieren.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un den Här Landwirtschaftsminister an un Madamm Ëmweltminister stellen.

  • Duerch wei eng Moossname solle Methangas-Emissiounen an der Landwirtschaft reduzéiert ginn ?
  • Sinn déi eenzel Moossname mam Sektor diskutéiert ginn ?
  • Zu wei vill Prozent Reduzéierung soll all eenzel Moossnam bäidroen ?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen             Octavie Modert

Députéiert

Zréck