Erkennt de Minister d‘Neidegechkeet vun engem Sportzenter fir d’Uni um Belval un fir esou de (zukünftege) Bedürfnisser vun der Uni gerecht ze ginn?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zum geplangte Sportzenter um Belval un de Minister fir Educatioun a Héichschoul weider ze leeden.

Virun 10 Joer gouf decidéiert, dass en Sportzenter fir d’Universitéit um Belval sollt gebaut ginn. Laut dem deemolegen Zäitplang sollten d’sportlech Raimlechkeeten 2013 fäerdeg gestallt sinn. Leider steet d’Sportshal an d’Piscine bis haut nach net, obwuel d’Personal an d’Studente vun der Uni sou en Zenter fuerderen. D’Uni ass an deene lëschte Jore staark gewuess an dëst wäert an Zukunft och nach de Fall sinn. Zum Beispill solle laut dem Educatiounsminister dräi mol méi Léierpersonal an deenen nächste Joren agestallt ginn. Fir dëst Léierpersonal auszebilden, brauch een awer och di noutwendeg Sportsinfrastrukturen. Sou ass de Sportzenter en kloert Bedürfnis vun der Uni. Des Weidere géif de Campus mat engem Sportzenter weider un Attraktivitéit gewannen an d’Lycéeën aus der Ëmgéigend kéinten eventuell och vun den nei geschaafte Méiglechkeete profitéieren.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un de Minister stellen:

  • Erkennt de Minister d‘Neidegechkeet vun engem Sportzenter fir d’Uni um Belval un fir esou de (zukünftege) Bedürfnisser vun der Uni gerecht ze ginn?
  • Konnten an der Tëschenzäit Fortschrëtter um beschriwwene Projet vum Sportzenter fir d’Uni gemaach ginn?
  • Wéi gesinn di aktuell Pläng zu de genaue Sportinfrastrukturen aus?
  • Gëtt et en Zäithorizont bis wéini d’Planung an de Bau sollen ofgeschloss sinn?

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Georges Mischo

Deputéierten

Zréck