Sinn d´Amortissementer a Récklagen an den Offallsyndikater nach zäitgeméiss? Wa jo, firwat?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d´Madamm Inneministesch weider ze leeden.

D’ Offallsyndikater am Land musse finanziell Récklage an Amortissementer maachen, och wann d’Anlagen net mussen erneiert ginn. Doriwwer eraus mussen all eenzel Gebaier, Gefierer etc och amortiséiert ginn. Grad a Krisenzäiten, wéi mir se aktuell hunn, bedeiten dës Dispositioune grouss finanziell Laaschte fir déi jeeweileg Syndikater, an domat och fir hier Member-Gemengen.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d´Madamm Ministesch stellen:

  • Kann d´Madamm Ministesch eis Informatioune confirméieren?
  • Sinn d´Amortissementer a Récklagen an den Offallsyndikater nach zäitgeméiss? Wa jo, firwat?
  • Gedenkt d´Madamm Ministesch dës Dispositioune fir Gemengesyndikater ze änneren? Mussen och an Zukunft weider Récklagen an Amortissementer an den Offallsyndikater geschaaft  ginn?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen,

 

 

Octavie Modert                                                     Léon Gloden

Deputéiert                                                               Deputéierten

Zréck