2005 gouf den éischten Deel (Bettel – Fouhren) vum nationale Vëloswee 22 fäerdeg. Zanterhier ass awer net allze vill geschitt well dem Staat déi néideg Terrainen feelen. Wéi vill vun den noutwendegen Terraine befannen sech aktuell am Besëtz vum Staat?

Här President,

Esou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Mobilitéits- a Bauteminister weiderzeleeden.

2005 gouf den éischten Deel (Bettel – Fouhren) vum nationale Vëloswee 22 fäerdeg. Obwuel d’Realisatioun vun dëser Vëlospist als duerchgoend Streck aus Grënn vun der Sécherheet dréngend noutwendeg ass, ass zanterhier net allze vill geschitt, well de Staat no 16 Joer Verhandlungen mat de Proprietären d’Terrainen nach ëmmer net all huet.

An deem Kontext géif ech gär folgend Froen un den Här Mobilitéits- a Bauteminister stellen:

  • Wéi vill vun den noutwendegen Terraine befannen sech aktuell am Besëtz vum Staat?
  • Wou leien dës Terrainen?
  • Ass geplangt, op dësen Terrainen scho mat den Aarbechten fir d’Vëlospist unzefänken?
  • Wa jo, wéini sollen d’Aarbechten ulafen?
  • Wann net, firwat gëtt d’Zäit net genotzt, fir schonn un der Vëlospist ze schaffen?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Martine Hansen

CSV-Fraktiounspresidentin

Zréck