Questions parlementaires

Ass et richteg datt an den Alters- a Fleegeheemer just fest agestalltend Personal geimpft gëtt? Wa jo, firwat?

Wéi kann et sinn, datt d’Parkplaz bäim Schéissendëmpel am Mëllerdall als Ofstellplaz fir gefällte Beem benotzt gëtt an d’Visiteuren keng Plaz fannen ? Kann een net eng aner Plaz fannen wou d’Beem kënne gelagert ginn ?

Ass zu Lëtzebuerg virgesinn COVID-Spaut-Schnelltester an den Alters- a Fleegeheimer an och an de Schoulen anzesetzen?

Weess d’Regierung ob momentan op EU-Niveau driwwer nogeduecht gëtt am Fall vun enger Zouloossung Impfdosen a China a Russland ze bestellen?

Well verbal sexuell Belästegung am ëffentleche Raum a Form vun netubruechte Bemierkungen oder Nopäifen net strofbar ass, huet d’Police rezent recommandéiert datt Fraen Nuets net sollten eleng rausgoen. Deelt d’Regierung d’Meenung datt esou Recommandatiounen eng Abdicatioun vum Rechtsstaat sinn?

Den ‘Institut de formation de l’Education nationale’ krut en neien Generalsekretär aus dem Privatsecteur. Erfëllt dës Persoun wierklech d’Krittären déi fir esou e Posten gebraucht ginn ? Firwat gouf dëse wichtege Posten ënnert dem Statut vum “Employé” an net vum “Fonctionnaire” ausgeschriwwen ?

Stëmmt et datt den Astra-Zeneca Covid-Vaccin nëmme fir Leit ënner 65 Joer gëeegent soll sinn ?

D'Äntwert fannt Dir hei

A wéi fern huet d’Steierverwaltung iwwert déi lescht 10 Joer Firmen d’Quellesteier zréckbezuelt ? Wéi vill Firmen hunn iwwer déi Period dovun profitéiert ?

Firwat refuséiert den Edukatiounsministère de Gemengen d’Subsiden fir den Schoultransport am Zesummenhang mat der Organisatioun vun den A/B Gruppen?

Kéint de Minister kuerzfristeg nees eng Echange-Plattform fir d’Gemenge mam nationale Koordinator an d’Liewe ruffen?