Déidleche Virfall Enn Januar zu Bouneweg : Ee vun de presuméierten Täter op fräiem Fouss ? Wat sinn d’Uersaachen ?

Här President,
Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, wéilte mir eng drénglech parlamentaresch Fro un d’Madamm Justizministesch betreffend de Placement vu kriminelle Mannerjärege stellen.
De 26. Januar 2021 koum et zu Bouneweg zu engem déidleche Virfall. Bei enger Ausernanersetzung tëscht Jugendleche gouf ee jonke Mann vun 18 Joer erstach. Kuerz nom Virfall ginn 2 Jugendlech vu 15 a 17 Joer interpelléiert a vum Untersuchungsriichter an d’UNISEC op Dräibuer placéiert.
Engem online Artikel no, ass mëttlerweil awer mindestens ee vun deenen 2 deemools Mannerjäregen (mëttlerweil groussjäreg) aktuell nees op fräiem Fouss.
Duerfir wéilte mir folgend Froen un d’Madamm Ministesch riichten:
Kann d’Madamm Ministesch confirméieren, dass mindestens een vun deenen 2 Jugendlechen nees op fräiem Fouss ass?
Kann d’Madamm Ministesch confirméieren, dass laut aktuellem Jugendschutzgesetz no der provisorescher “mesure de garde”, déi den Untersuchungsriichter ordonéiert, de Jugendriichter am Prinzip, déi geriichtlech Instanz ass, déi iwwer weider Moossnamen decidéiert?
Kann d’Madamm Ministesch confirméieren, dass laut aktuellem Jugendschutzgesetz ee Placement an der UNISEC no Vollendung vum 18. Liewensjoer weidergefouert ka ginn (ofhängeg vun der Gravitéit vun der Dot bis 21 respektiv 25 Joer)?
No wéi enge Krittären hëlt de Jugendriichter dës Entscheedungen? Ass et méiglech, dass de virgenannte Jugendlechen nees huet misse lafe gelooss ginn, well keng Plaz méi an der UNISEC zu Dräibuer war (3 Plaze pro Block bäi insgesamt 4 Bléck), woubäi ee Block fir Meedercher fräi gehale gëtt) respektiv béid Delinquenten net konnte beienee placéiert ginn an dat zu engem Enkpass gefouert huet? Gouf eventuell verpasst den Openthalt mat Zäit ze verlängeren?
Ass d’Madamm Ministesch der Meenung, dass eng “fréizäiteg” Entloossung no sou enger uerger Dot dee richtege Message ass ?
Wéi gedenkt d’Madamm Ministesch sou Situatiounen an noer Zukunft ze evitéieren?
De Fall gesat, de Jugendriichter ass averstanen, dass de Mannerjäreger (deen um Punkt ass, fir d’Groussjäregkeet ze erreechen) der normaler Strofprozessuerdnung no poursuivéiert a jugéiert gëtt, misst dëse Jugendlechen net dann och kënnen op Schraasseg placéiert ginn, zumindest da wann e bis Volljäreg ass?
Mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

Zréck