Ass de Regime vum Covid-Check esou wéi en am Gesetz festgehalen ass op déi ëffentlech Chamber-Sëtzungen am Cercle Municipal applikabel?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.

Déi lescht Mouture vum Covid-Gesetz huet mat Effekt op den 13. Juni 2021 de System vum „Covid-Check“ agefouert. Dësen ass folgendermoossen am Text définéiert: „« régime Covid check » : régime applicable à des établissements accueillant un public, manifestations ou événements dont l’entrée est exclusivement réservée aux personnes pouvant se prévaloir soit d’un certificat de vaccination tel que visé à l’article 3bis muni d’un code QR, soit d’un certificat de rétablissement tel que visé à l’article 3ter muni d’un code QR, soit d’un certificat de test Covid-19, tel que visé à l’article 3quater, indiquant un résultat négatif et soit muni d’un code QR, soit certifié par l’une des personnes visées à l’article 3quater autorisées à exercer au Luxembourg ou aux personnes qui présentent un test autodiagnostique servant au dépistage du virus SARS-CoV-2 réalisé sur place et dont le résultat est négatif.[…] »”

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Ass de Regime vum Covid-Check esou wéi en am Gesetz festgehalen ass och fir Reunioune vun Institutiounen an Administratiounen respektiv am Privatsecteur applikabel ?
  2. Wa jo, ass de Regime vum Covid-Check och op déi ëffentlech Chamber-Sëtzungen am Cercle Municipal applikabel?
  3. Wann nee, aus wéi enge Grënn?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen                    Gilles Roth

Deputéiert                             Deputéierten

Zréck