Wat sinn d’Grënn fir déi weider grouss Waardezäiten fir e Rendezvous an der Mammographie ze kréien ?

 Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister weider ze leeden.

D’lescht Joer goufen et scho virum Confinement ganz grouss Waardezäite fir e Rendezvous an der Mammographie ze kréien.  Duerch d’Pandemie an duerch d’Zréckfuere vun de medezinesche Basisservicer sinn dës Waardezäiten nach verlängert ginn.

Obwuel d’Madamm Minister schonn am Februar 2020 eng Rei Mesuren ugekënnegt hat an am September nach emol drop higewisen huet datt fir Enn 2020/ Ufank 2021 weider Verbesserungen an d’Weeër geleet ginn  duerch Formatioune fir Sekretärinne vu Klinicke resp. eng Demande d’Agrément vun engem Radiolog am CHdN, sinn eisen Informatiounen no d’Waardezäite fir e Rendezvous an der Mammographie ausserhalb vum „Programme Mammographie“ weiderhin immens laang. Et ka wuel bis zu engem Joer zougoen éier een e Rendezvous kritt. Dëse Probleem besteet an alle Spideeler am Land.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsminister stellen:

  1. Kann d’Madamm Minister dës Informatioune bestätegen ?
  2. Wa jo, wat sinn d’Grënn fir dës weider grouss Waardezäiten ?
  3. Hunn déi ugekënnegt Mesuren net déi gewënschten Effekter oder konnten se nach net ëmgesat ginn ?
  4. Wat gedenkt d’Madamm Minister ze ënnerhuele fir datt all déi concernéiert Frae kuerzfristeg méi séier e Rendezvous kréien ?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

   

Martine Hansen   Marc Spautz Georges Mischo  

  Deputéiert Deputéierten Deputéierten

Zréck