Misst net méi kloer op Liewesmëttel gekennzeechent ginn, wann Alkohol an de Liewesmëttel ass?

Här President,
Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet a Konsumenteschutz weider ze leeden.
Leit déi Alkoholproblemer haten dierfen no engem Entzuch guer keen Alkohol méi konsuméiere well si dann direkt erëm riskéiere réckfälleg ze ginn. Dëst gëllt och fir Alkohol a Liewensmëttel wéi Sausen, Glacen, Desserten etc.
Et muss een awer feststellen datt, am Géigesaz zu enger ganzer Rei Allergenen, den Alkohol als Ingredient vu Liewensmëttel net esou däitlech gekennzeechent muss ginn. Dëst betrëfft net nëmmen alkoholkrank Leit mee och Kanner.
Aus dësem Grond wollt ech folgend Froen un d‘Regierung stellen:
Deelt d’Regierung d’Meenung datt et noutwendeg wier fir den Alkohol an de Liewensmëttel méi däitlech ze kennzeechnen?
Wa jo, wat gedenkt d’Regierung op nationalem an europäeschem Plang ze ënnerhuele fir dës Iddi an d‘Weeër ze leeden?
Wann nee, aus wéi enge Grënn?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Françoise Hetto-Gaasch
Deputéiert

Zréck