Ass zu Lëtzebuerg virgesinn de gesetzlech virgeschriwwene THC-Gehalt an engem Produit erop ze setzen, esou wéi z.B. an der Schwäiz?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister an un den Här Landwirtschaftsminister weider ze leeden.

Den Industrie-Hanf ass eng Notz-Planz aus där een ënnerschiddlech Produite kann hierstellen. Zënter méi wei 25 Joer gëtt den Hanf och zu Lëtzebuerg ugebaut. Et gëtt och Cannabidiol – CBD – aus de Bléie vum Hanf produzéiert deem ënnert anerem eng entzündungshemmend Wierkung nogesot gëtt. De CBD gëtt vill an Drëpseform genotzt. Wat de CBD méi konzentréiert ass wat och den THC-Gehalt am Produit méi eropgeet. Sou duerf den erlaabten THC-Gehalt an engem CBD-Produkt just 0,3 Prozent duerstellen, an anere Länner wei der Schwäiz läit dëse Wäert bei 1 Prozent. Duerch dësen niddrege Grenzwäert kenne verschidde Produite bei eis am Land net produzéiert ginn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Fro un d’Regierung stellen:

  1. Ass virgesinn aus den uewe genannte Grënn de gesetzlech virgeschriwwene THC-Gehalt an engem Produit erop ze setzen, esou wéi z.B. an der Schwäiz?
  2. Wa nee, firwat net?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéiert

 

Zréck