Ass d’Zuel vun antisemitteschen Incidenten an d’Luucht gaangen. Gi Minoritéiten an Zukunft besser geschützt?

Här President,
Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Aussen- an Europaminister ewéi un den Här Staatsminister an un den Här Educatiounsminister weider ze leeden.

Laut der Recherche et Information sur l’anitsémitisme zu Lëtzebuerg (Rial) bleift den Antisemitismus am Ausland ewéi och zu Lëtzebuerg weider e grousse Problem. D’lescht Joer wier d’Zuel un Incidenten zu Lëtzebuerg vu 50 op 64 eropgaangen. Wärend der Pandemie wieren vermeit rietspopulistesch Verschwierungen opgedaucht an antisemittesch Messagen géifen zudeem zirkuléieren.
Déi lescht Méint wieren och ëmmer erëm extrem lénk pro-palestinensesch Gruppen opgefall. Den Israel-bezunnenen Antisemitismus wier nees gewuess. Den Här Bernard Gottlieb, President vun der Rial, huet an engem Interview mat RTL, den 28 Juni 2021 vermierkt datt «ee sech als Minoritéit virun allem eng Volonté politique, fir näischt duerchgoen ze loossen». D’Aktioun vun der Police an der Justiz misst eropgeschrauft ginn am Fall vun «Hatespeech» géint Minoritéiten. Eng weider Fuerderung vun der Rial wier, datt och an de Schoulen d’Memoire vun der Shoah an weider sozial problematesch Sujete besser missten opgeschafft ginn.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

Konnt d’Regierung och feststellen, datt d’Zuel un antisemittesch Incidenten, notamment d’lescht Joer an Luucht gaangen ass, datt vermeit rietspopulistesch Verschwierungen opgedaucht sinn wärend der Pandemie, an datt des weideren och erëm extrem lénk pro-palestinensesch Gruppen opgefall sinn ?
Gesäit d’Regierung fir d’Minoritéiten zu Lëtzebuerg, wéi déi jiddesch, renforcéiert ze protegéieren, an esou d’Aktioun vun der Police an der Justiz eropzeschrauwen am Fall vun „Hatespeech“ géint dës Minoritéiten ?
Falls deem net esou wier, aus wéi engem Grond ?
Deelt d’Regierung der Rial hier Meenung, datt och an de Schoulen d’Memoire vun der Shoah an weider sozial problematesch Sujete besser missten opgeschafft ginn ?
Falls net, wat ass d‘Begrënnung dofir ?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

Laurent Mosar Marc Spautz
Deputéiert

Zréck