Covid-Check Regime a Clusteren : Et bleiwen nach vill Froen op !

Här President,

Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech dës dringend parlamentaresch Fro un d’Madamm d’Gesondheetsministesch an un den Här Policeminister, komplementar zu eiser Fro n°4602 weiderzereechen.

Eiser Meenung no, huet d’Regierung keng bis keng zefriddestellend oder auswäichend Äntwerten op eenzel Froestellungen a Bezuch op Etablissementer, déi sech net un d’Reegelen gehalen hunn, voire an deene Clustere festgestallt goufen, geliwwert.

Duerfir wéilte mir folgend Froen noreechen:

Unhand vu wéi eng Krittären maachen d’Autoritéiten en Ënnerscheed tëscht Fester (49% vun den Notifikatiounen fir de Covid-Check Regime) an Evenementer am HORECA-Beräich (6%)?

Kann d’Regierung eis erklären, a wéi enger Konstellatioun ee Betrib aus dem HORECA-Beräich de Covid-Check-Regimm just fir 3 Stonne kann ufroen, wëssend dass bei engem normale Service (deen owes um 18 Auer ufänkt) mindestens 6 Stonnen kann zerwéiert ginn ?
Kann d’Regierung eis deemno erklären, op wat sech déi “3 Stonnen” beim HORECA an den Zousaz dann of “à répétition” bezéien?
Ass et méiglech fir een Etablissement z.B. den Dag selwer um 17 Auer eng éischt Notifikatioun ze maachen fir d’Zäitspan tëscht 18 an 21 Auer, um 20 Auer eng zweet fir d’Zäitspan tëscht 21 an Mëtternuecht an um 23 Auer eng drëtt fir d’Zäitspan tëscht Mëtternuecht an 3 Auer moies?

Vun deenen 21 Etablissementer, déi méi wéi eng Kéier ernimmt goufen, waren do Etablissementer dobäi, déi och schonn an der Vergaangenheet, also virum Aféieren vum Covid Check Regimm negativ opgefall sinn? Waren der dobäi, déi nom Aféieren vum Covid Check Regimm an dem Virowend vun Nationalfeierdag negativ opgefall sinn? Waren der dobäi, géint déi an der Vergaangenheet och schonn Amende verhaange goufen? Huet d’Regierung nom 14. Juni 2021 an deenen Etablissementer Kontrollen duerchgefouert a wa jo, bei wéi vill vun deenen Etablissementer?

Vun deenen 3 Etablissementer, wou d’Autoritéiten “richteg” Clusteren festhalen, waren do Etablissementer dobäi, déi och schonn an der Vergaangenheet, also virum Aféieren vum Covid Check Regimm negativ opgefall sinn? Waren der dobäi, déi nom Aféieren vum Covid Check Regimm an dem Virowend vun Nationalfeierdag negativ opgefall sinn? Waren der dobäi, géint déi an der Vergaangenheet och schonn Amende verhaange goufen? Huet d’Police an deenen Etablissementer nom 14. Juni 2021 Kontrollen duerchgefouert a wa jo, bei wéi vill vun deenen Etablissementer?

Wat versteet d’Regierung ënner “richtege” Clusteren”? War wiere am Géigesaz “falsch” Clusteren?

Op wéi vill Etablissementer deelen sech déi 12 Employéeën op?

Kann d’Regierung confirméieren, dass déi 6 ATen respektiv Convocatiounen exklusiv physesch Persounen viséiert hunn? Betreffen déi e.a. och virgenannten Employeën?

Wann d’Regierung schreift et wiere keng “gréisser” Problemer bei de Stéchprouwen festgestallt ginn, kann d’Regierung eis erklären wat si domat mengt?
Goufen Verstéiss géint d’Covid-Gesetz festgestallt a wa jo, firwat huet d’Police an deem Fall kee Rapport verfaasst?
Wéi een Ermiessensspillraum huet d’Police an sou engem Fall? Sinn d’Beamten gehalen dat un d’Autoritéiten weiderzereechen?
Wann jo, firwat ass dat net geschitt a wéi soll sech déi Situatioun an Zukunft änneren?
Wann net, ginn et Déngschtvirschrëften an deem Sënn?

Mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

Zréck