A wéi enger Hisiicht gëtt d’Gebai vum Centre-douanier Est zu Gréiwemaacher net méi de Besoinen a Standarde vun haut gerecht ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weider ze leeden.

Den Här Finanzminister huet mech an enger rezenter Äntwert op eng parlamentaresch Fro driwwer informéiert datt d’Gebai vum Centre-douanier Est zu Gréiwemaacher net méi de Besoinen a Standarde vun haut gerecht géif ginn an dowéinst driwwer nogeduecht gëtt de Site zou ze maachen.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Ass den Här Minister fir ëffentlech Aarbechten an dës Diskussioune mat agebonnen?
  2. Wa jo, a wéi enger Hisiicht ass d’Gebai net méi „up to date“?
  3. Besteet d’Méiglechkeet Transformatioune virzehuelen déi e Verbleiwe vun der Douane an deem Gebai erméigleche géifen?
  4. Wann nee, wat soll mat deem Gebai geschéien?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

              

Léon Gloden

Deputéierten

Zréck