Ginn et national Chiffren zu de Käschte vu Waasser, Ofwaasser an Haushaltsoffall a firwat sinn déi Zuelen net public?

Här President,
Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu de Gemengentaxen un d’Madamm Inneministesch weider ze leeden.
An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro N°4387 hunn d´Madamm Inneministesch an d´Madamm Ëmweltministesch mir Folgendes geäntwert: „Déi respektiv Käschte vum Waasser, Ofwaasser an Haushaltsoffall ginn op Grond vun de Reegele vum modifizéierte Waassergesetz vum 19. Dezember 2008 a vum modifizéierten Offallgesetz vum 12. Mäerz 2021 vun de Gemenge fixéiert.“ Eis ass bewosst, dass dës Reglementer an Taxe vun de Gemenge festgeluecht ginn, an awer denken ech, dass den Inneministère als Ministère de Tutelle misst déi verschidden Tariffer kennen, vu dass se an de Budget´en vun de Gemengen opgefouert ginn.
Ech wéilt dofir folgend Froen un d’Madamm Minister stellen:
Kann d´Madamm Inneminister meng Informatioune confirméieren? Wa jo, firwat ginn dës Zuelen net public gemaach?
Och wa mir d´Gemengenautonomie schätzen an als wichteg empfannen, missten et awer national Chifferen zu dëse Käschte ginn, fir Vergläicher ze maachen. Wéi gesäit d´Madamm Ministesch dat?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Marc Spautz
Deputéierten

Zréck