Questions parlementaires

Firwat gëtt et an de Museksschoulen um Gemengenniveau keen “Projet d’accueil individualisé” ?

Déi rezent Hausse vun Ustiechungen mam Covid-19 am Sportslycée, ass op e puer positiv Fäll an enger Sportsdisziplin zréckzeféieren. Kann d’Regierung matdeelen em wéi eng Sportsdisziplin an em wéi vill Fäll et sech heibäi handelt ?

Wat ass d’Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung par Rapport zu enger signifikanter Reduktioun vun der Offer vu Kuerzstreckeflich ?

Ass Regierung gewellt den Ubau vu Cannabis fir medezineschem Zwecker hei am Land zouzeloossen a Produktioun ze ënnerstëtzen?

Fierwat gedenkt de Minister net och fir op lokal Ubidder aus Lëtzebuerg mat lokale Produiten zeréckzegräife fir d’Flüchtlingsstrukture mat Liewensmëttel ze beliwweren? Wat sinn d’Grënn fir dës Entscheedung?

D’Memberstaaten vun der Europäescher Unioun an dat Europäescht Parlament hunn sech op ee Covid-19-Zertifikat gëeenegt. Wéi gedenkt d’Regierung innepolitesch op déi europäesch Eenegung ze reagéieren? Wéi gesinn déi konkret Mesuren an d’Zäitrumm an dem Kontext aus?

Stëmmt et datt de Centre-douanier Est zu Gréiwemaacher zougemaach soll ginn ?

Kann d’Regierung eis rezent Statistiken ginn wat de Mobbing am ëffentleche a Privatsecteur ugeet ?

Goufe schonn Etude gemaach wat den Asaz vun der Blockchain Technologie fir en Impakt op di national an international Energieverbrauch huet?

Plangt d’Regierung elo schonn déi ganz probabel drëtt Impfung?