Firwat kruten d’Leit, déi mat AstraZeneca geimpft goufen, nach keng Invitatioun fir d’Booster-Impfung geschéckt?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

Den Delai fir d’Booster-Impfung fir Leit, déi mat AstraZeneca geimpft goufen, gouf bekanntlech vu 6 op 4 Méint erofgesat. Déi concernéiert Leit krute mengen Informatiounen no awer nach keng Invitatioun. Och net déi, déi scho bal um Enn vum initialen Delai vu 6 Méint ukomm sinn.

Menges Wëssens goufen des Weideren AstraZeneca-Geimpfter, déi iwwer den Delai vu 4 Méint eraus waren, dëser Deeg an engem Impfzentrum ofgewisen. Net, well den Undrang ze grouss gewiescht wier, mee well si besoten Invitatioun fir d’Booster-Impfung net virleeë konnten. Déi betraffe Leit goungen doropshin an den Impfbus, deen och Statioun an där Uertschaft gemaach huet. Do krute se dann och – ouni Invitatioun – déi gewënschte Booster-Impfung, nodeems se an enger File vu gutt 100 Leit hiren Tour ofgewaart haten.

D’Regierung recommandéiert och, sech beim Hausdokter impfen ze loossen. Mee och do sinn d’Waardezäite laang.

Virum Hannergrond vun der Campagne „Lëtzebuerg léisst sech impfen“ wéilt ech folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen :

  • Firwat kréien d’Leit, déi mat AstraZeneca geimpft goufen, keng Invitatioun geschéckt?
  • Wéini sollen dës Leit fir d’Booster-Impfung invitéiert ginn?
  • Wéi erkläert d’Madamm Gesondheetsministesch, dass an den Impfzentren keng Booster-Impfungen administréiert ginn? Och dann net, wa keen Undrang ass?
  • Wéi eng Initiative plangt d’Madamm Gesondheetsministesch ze huelen, fir d’Impfkapazitéiten generell a méiglechst séier erop ze setzen, d’Hausdokteren z‘entlaaschten an den impfwëllege Leit d’Impfe sou onkomplizéiert wéi méiglech ze maachen ?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen

Co-Fraktiounspresidentin

Zréck