Wéi eng CO2 Bepräisung gesinn d’Ministeren an der Period vun 2024 bis 2030 vir fir ons Klimaziler ze erreechen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro zur Entwécklung vum CO2-Präis un d’Madamm Ëmweltministesch an den Här Energieminister weider ze leeden.

Säit Ufank des Jores kascht eng Tonn CO2 20 Euro, 2022 an 2023 kommen da jeeweils nach fënnef Euro pro Tonn dobäi. Wat d’CO2 Bepräisung fir d‘Period 2024-2030 ugeet, sou steet am PNEC Folgendes: „Die weiteren Ausführungsbestimmungen für einen dynamischen CO2-Preis werden im Rahmen der Vorbereitungen der angesetzten Steuerreform ausgearbeitet. Dabei wird geprüft, ob eine Staffelung des CO2-Preises vorgenommen wird.“ Vue dass d’Steierreform lo och nach op sech waarde léisst, besteet bei den Endverbraucher, an besonnesch bei den Entreprisen eng gewëssen Onsécherheet bezüglech der Entwécklung vum CO2-Präis. Och spillt de CO2 Präis eng zentral Roll fir d’Erreeche vun onse Klimaziler.

An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un d’Regierung stellen:

 

Wéi eng CO2 Bepräisung gesinn d’Ministeren an der Period vun 2024 bis 2030 vir fir ons Klimaziler ze erreechen?

 

Här President, mir bieden Iech onsen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen                                                                                  Gilles Roth

Deputéierten                                                                                       Deputéierten

 

Paul Galles

Député

Zréck