Ass garantéiert datt all déi Leit déi an den nächste Wochen a Méint Urecht op eng Booster-Impfung hunn, dëst Impfung kënne kréien ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.

Matt der Annonce gëschter datt déi 45.000 Leit am Grand-Duché déi mam AstraZeneca-Vaccin geimpft goufen, schonn no 4 Méint eng Booster-Impfung ugebuede kréien, ginn natierlech kuerzfristeg vill méi Impfdosisse gebraucht.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Wéi vill Impfdosisse vu wéi enge Vaccine sinn op den Dag vun haut bei eis am Land op Stock ?
  2. Ass garantéiert datt all déi Leit déi an den nächste Wochen a Méint Urecht op eng Booster-Impfung hunn, dëst Impfung kënne kréien ?
  3. Wäerten dës Leit de Choix hunn mat wéi engem Vaccin si sech impfe loossen ?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Claude Wiseler                                  Martine Hansen

Deputéierten                                     Deputéiert

Zréck