Fonctionéiert de System fir d’Berechnung vun den Ökopunkte vun der Administration de la nature et des forêts (ANF) nees ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu dem Ökopunkten-System un d‘ Madamm Ëmweltministesch weider ze leeden.

De Ökopunkten-System spillt en wichteg Roll bei der Bewäertung an der Kompensatioun vun Agrëffer an d’Natur. De System soll ënnert anerem sécher stellen, dass d’Biodiversitéit am Land erhale bléift. Mengen Informatiounen no hätt dëse System fir d’Berechnung vun den Ökopunkte vun der Administration de la nature et des forêts (ANF) iwwert déi leschten 2-3 Méint awer net funktionéiert. Doduerch kéinten Ufroen net behandelt ginn an et eventuell och zu Retard’en kommen, wéi zum Beispill beim Bau vun der Piste Cyclable (PC) Itzig-Contern.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Ass meng Informatioun richteg?
  2. Wann jo, fonctionéiert dësen Outil mëttlerweil nees?
  3. Wann jo, firwat huet dat esou laang gedauert fir d‘Remise en fonction?
  4. Wéi vill Ufroen iwwert d‘Ökopunkten sinn an dëser Zäit erakomm a konnten diesbezüglich net behandelt ginn?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Marc Lies

Deputéierten

Zréck