Gedenkt d’Regierung op mannst de vulnerabele Leit, deenen hir zweet AstraZeneca Impfung evtl. réischt 4 oder 5 Méint zréckläit, direkten Zougang zu enger Booster-Impfung ze ginn?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.

Eng ganz Rei Leit am Grand-Duché, dorënner vill Eelerer goufe mam Impfstoff vun AstraZeneca geimpft. Bei dësem Vaccin war den Zäitraum tëscht der éischter an der zweeter Impfung bekanntlech méi laang, wouduerch jo dann och den Usproch fir d’Booster-Impfung no 6 Méint méi wäit no hanne réckelt a verschidde Leit elo nach keng Invitatioun fir dës drëtt Impfung kréien. Eng rezent schwedesch Etude huet och opgewisen datt beim AstraZeneca Vaccin, den Impfschutz schonn no 4 Méint staark ofhëlt.  Bei eise belschen Nopere kréien AstraZeneca-Geimpfter schonn no 4 Méint eng drëtt Booster-Impfung offréiert.

An der aktueller Situatioun ass et wichteg datt méiglechst vill Leit, a virun allem déi Vulnerabelst, gutt géint de Corona-Virus geschützt sinn.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Gedenkt d’Regierung op mannst de vulnerabele Leit, deenen hir zweet AstraZeneca Impfung evtl. réischt 4 oder 5 Méint zréckläit, direkten Zougang zu enger Booster-Impfung ze ginn?
  2. Wann nee, aus wéi enge Grënn?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Claude Wiseler                                  Martine Hansen

Deputéierten                                     Deputéiert

 

Zréck