Gëtt et mam zukünftegte Covid-Gesetz iwwerhaapt eng Méiglechkeet de Lancement vun der Europäescher Kulturhaaptstad de 26. Februar 2022 z’organiséieren?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch ewéi un d’Madamm Kulturministesch weider ze leeden.

 

Gëschter huet d’Regierung wärend enger Pressekonferenz zu deenen neien Covidmesuren annoncéiert, datt dat zukünftegt Covid-Gesetz bis Enn Februar 2022 gëlle soll.

 

De grousse Lancement vun der Europäescher Kulturhaaptstad ass den 26. Februar 2022 zu Esch wou 30.000 – 35.000 Leit erwaart ginn.

 

 

An deem Kontext wéilt ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

 

  • Gëtt et iwwerhaapt eng Méiglechkeet de Lancement vun der Europäescher Kulturhaaptstad de 26. Februar 2022 z’organiséieren?
  • Wa jo, wéi stellt d’Regierung sech dat vir? Virun allem wat d’Organisatioun ugeet?
  • Sollen just d’Leit ënnert dem 2G System deelhuele kënnen? Oder soll dëse Lancement mat der 2G+ organiséiert ginn?
  • Misst ee net ee Groupe de travail oder een änlecht Gremium an d’Liewe ruffen fir dës Organisatioun an de Grapp ze huelen?
  • Bei wiem läit d’Responsabilitéit vun deem Evenement? Bei der Regierung oder beim CA vun der Esch2022 asbl?

 

 

Här President, ech bieden Iech main déifste Respekt unzehuelen.

 

Georges Mischo

Deputéierten

Zréck