De Mëttwoch hunn dräi ONG’en eng Annonce ënnert dem Logo vum Landwirtschaftsministère an der Dagespress verëffentlecht. Wéi reagéiert den Här Landwirtschaftsminister nieft der Pressematdeelung op dës Provokatioun?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Landwirtschaftsminister an un den Här Minister fir Digitaliséierung weider ze leeden.

De Mëttwoch hunn dräi ONG’en aus dem Beräich Ëmwelt- a Klimaschutz hir grouss Visioun iwwert d’Neiorientéierung vun der Landwirtschaft an der Dagespress verëffentlecht. Des Verëffentlechung ass awer ënnert dem Logo vum Landwirtschaftsministère gefouert ginn sou dass de Lieser d’Impressioune krut de Ministère hätt kommunizéiert.

De Landwirtschaftsministère huet de selwechten Dag an enger Pressematdeelung Kommunikatiounsmethode vun deenen dräi ugesinnenen Organisatiounen denoncéiert an huet sech vun der ëffentlecher Matdeelung distanzéiert. De Ministère fënnt et bedenklech, dass déi 3 ONG’en d’Lieser bewosst wollten täusche fir esou hir Visioun iwwert d’Neiorientéierung vun der Landwirtschaft bekannt ze maachen.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Landwirtschaftsminister an un den Här Minister fir Digitaliséierung stellen:

  • Wéi reagéiert den Här Landwirtschaftsminister nieft der Pressematdeelung op dës Provokatioun?
  • Weess de Ministère wien déi Annonce opginn huet?
  • Wa jo, ween war et ?
  • Sinn Regierungslogoe geschützt ?
  • Ween an ënnert wei enge Konditiounen duerfe Regierungslogoe benotzt ginn ?
  • Sinn de Moment Kontrollmechanismen en Place, déi d‘Editeuren respektiv d‘Medienhaiser beim Unhuele vun Annoncen an anere Kommunikatioune vun ëffentlechen Instanzen mussen applizéieren?
  • Wa jo, wéi gesinn dës Kontrollmechanismen aus?
  • Wann net, firwat net?
  • Missten d’Annoncen an aner Kommunikatioune vun ëffentleche Instanzen zb an enger Zeitung net an Zukunft securiséiert oder spezifesch gekennzeechent ginn ?
  • Kéint sou eng Securiséierung ënnert der Form vum „Gouv Check“ geschéien, mat deem een iwwert de Wee vun engem integreierte QR-Code zu jidder Zäit kann iwwerpréiwen op dat betraffent Dokument vun enger offizieller Instanz ausgestallt ginn ass oder net ?
  • Wa jo wei séier kéint dëse System implementéiert ginn ?
  • Wann net, firwat net, a wei kann dann a Zukunft den uewe beschriwwene Fall verhënnert ginn ?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck