Kann den Här Minister eng Oplëschtung maache fir ze weisen, wéi vill Deeg Télétravail pro Woch momentan an de verschiddene Ministèren a Verwaltungen erlaabt sinn?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro zum Télétravail un den Här Minister fir d´Fonction publique weider ze leeden.

An enger Pressekonferenz den 29. November huet de Staatsminister Xavier Bettel recommandéiert, fir esou vill wéi méiglech op den Télétravail zeréck ze gräifen. An der Fonction publique leit d´Empfeelung bei engem Maximum vu véier Deeg pro Woch. Laut eisen Informatioune sinn a ville Ministèrë respektiv Verwaltungen doropshin awer keng Preparatioune geholl ginn, fir dës Recommandatioun ëmzesetzen.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un den Här Minister stellen:

  • Kann den Här Minister eng Oplëschtung maache fir ze weisen, wéi vill Deeg Télétravail pro Woch momentan an de verschiddene Ministèren a Verwaltungen erlaabt sinn?
  • Gëtt et an de verschiddene Ministèren a Verwaltungen eng eenheetlech Virgoensweis respektiv Kommunikatioun heizou? Wa nee, firwat net?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen

 

 

 

Martine Hansen                                                   Diane Adehm

Deputéiert                                                         Deputéiert

Zréck