Gesäit d’Regierung fir Kontrollen um Findel ze organiséieren, vir ze tracéieren wien aus dem südlechen Deel vun Afrika iwwert Escalen zu Lëtzebuerg ukënnt ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro un den Här Aussen- an Europaminister ewéi un d’Madamm Ministesch vir Gesondheet weider ze leeden.

Esou wéi et aus engem Tweet vun der Madamm von der Leyen de Moien ervirgeet, recommandéiert d’Europäesch Kommissioun den États Memberen hier Flich an ewéi aus dem südlechen Deel vun Afrika vir de Moment ze annuléieren, dëst wéinst der neier Corona-Variant B.1.1.529 déi do opgedaucht ass.

Divers Länner hunn an deem Sënn schonn reagéiert. Wat Däitschland ubelaangt dierfen d’Fluggesellschaften nëmmen nach däitsch Staatsbierger aus Südafrika an Däitschland afléien, an dës mussen dann vir 14 Deeg an Quarantän, och wann se vollstänneg geimpft sinn. Aner Länner wéi Frankräich, Italien, England an Israel sinn dee selwechten Wee gaangen.

Wëssend datt vu Lëtzebuerg aus keng Direktflich an de südlechen Deel vun Afrika fléien respektiv aus dëser Regioun a Lëtzebuerg erafléien, mee Passagéier awer iwer Escalen op aner Flughäfen an de Grand-Duché erakennen kommen, géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Wat ass der Regierung hier Positioun zu der Madamm von der Leyen hirem Opruff ?
  • Gesäit d’Regierung fir Kontrollen um Findel ze organiséieren, vir ze tracéieren wien aus dësen Regiounen iwwert Escalen zu Lëtzebuerg ukënnt ?
    • Wa jo, wéi gesäit d’Regierung fir dat ze organiséieren ? Mussen déi Persounen déi aus dësen Gebitter kommen a Quarantän goen, och wann se vollstänneg geimpft sinn ? Wéi ass et mat deenen déi zu Lëtzebuerg ukommen, mee am Transit sinn ?
    • Wann nee, wat ass de Grond ?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Laurent Mosar                                                                        Claude Wiseler

Deputéiert

Zréck