Questions parlementaires

Sinn d’Stëbspartikelen an der Loft, déi an engem Büro am Gebai Pierre Werner um Kierchbierg detektéiert goufen, gesondheetsschiedlech fir déi Leit déi do schaffen?

Wéinst den aktuellen Onrouen a Chile huet déi Lëtzebuerger Delegatioun decidéiert net un de Jugendweltmeeschterschaften am Judo deel ze huelen. Wéi kënnt déi 23 Mann grouss Delegatioun nees sécher zréck op Lëtzebuerg?

Depressiounen gehéieren zu der am heefegsten ënnerschaten Erkrankung an eiser Gesellschaft. Wéi gesinn d’Statistiken a punkto Depressiounen hei zu Lëtzebuerg aus?

Wéi steet et mat de Kritäre vun der Unerkennung vum Diplom vun den Osteopathen ?

Wéi gesäit de Bilan vun den Ipad-Klassen aus a wéi ka sécher gestallt ginn, dass d’Schüler, wann se wiesselen, och ee Recht op hir digital Schouldossieren hunn ?

No wéi enge Kritèren ginn Daten an de Police-Fichieren gespäichert ? Kann de Minister de Bericht aus dem Tageblatt konfirméieren, deemno et “erstaunlech Virgäng” an deene Fichiere ginn ?

Statistike vum LISER : Kommen erëm trimestriell Zuelen a wéini ginn Donneeën “à jour” gesat ?

D'Äntwert fannt Dir hei

D’Gemenge sinn ee wichtegen Acteur fir d‘Wunnengsproblematik zu Lëtzebuerg ze léisen a vill vun hinne sinn och bereet Verantwortung ze iwwerhuelen. Sou stellen sie zum Beispill den ëffentleche Bauträger, wéi dem Fonds du Logement oder der SNHBM Terrain‘en zur Verfügung fir sozialen an abordabele Wunnengsraum ze schafen.

Eisen Informatiounen waren a verschiddene Schoulen an der Grondschoul eenzel Klassen a verschiddene Fächer ouni Titulaire. Et waren allerdéngs Chargéë disponibel.

Gi Leit vum Kontrolldokter vun der CNS net ëmmer bei de Spezialist vun hirer Pathologie geschéckt a firwat gi Leit, déi mam Accord vun der CNS am Ausland behandelt ginn, bei de Kontrolldokter bestallt ?

D'Äntwert fannt Dir hei