Firwat sinn d’Apdikteschen an Aptikteren net um Gesondheetsdësch vertrueden?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister an den Här Minister fir sozial Sécherheet weider ze leeden.

D’Apdikteschen an Apdiktere si wichteg Acteuren am Gesondheetssystem, well si de Patienten déi néideg Informatiounen zu hire Medikamenter ginn. Eng Rei Leit ginn och oft am Krankheetsfall fir d’éischt an d’Apdikt vun hirem Vertraue froe wéi se kënne behandelt ginn.

Esouwäit ech weess, sinn d’Apdikter net um Gesondheetsdësch vertrueden.

Aus dëse Grënn géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Firwat sinn d’Apdikter net um Gesondheetsdësch vertrueden?
  • Op wéi engen Niveau’en am Santés-Beräich gëtt op d’Wëssen an d’Experienz vun den Apdikter zréckgegraff?
  • Deelt d’Regierung d’Meenung datt d’Apdikter als wichtegen Acteur am Gesondheetsberäich missten um Gesondheetsdësch vertruede sinn?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Spautz

Deputéierten

 

Zréck