Glyphosat Verbuet vun 2021 un : Wéi gesäit d’Exit- Strategie aus a sollten d’Entschiedegunge fir landwirtschaftlech Betriber net awer verlängert ginn ?

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro iwwert de Glyphosat un den Här Landwirtschaftsminister an un den  Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weider ze leeden.

 

Mëtt Januar huet de Landwirtschaftsminister op enger Pressekonferenz annoncéiert, dass Lëtzebuerg als éischt Land an der EU den Asaz a Verkaf vum Herbizid Glyphosat ab den 1. Januar 2021 definitiv géif verbidden. Dëse Verbuet gëllt da fir Privatpersounen, Betriber an och landwirtschaftlech Betriber. Um EU-Niveau ass den Asaz vum Herbizid Glyphosat momentan bis Dezember 2022 geneemegt.

 

E gudde Mount no dëser Annonce ass am Mémorial vum 14. Februar 2020 dat néit groussherzoglecht Reglement vum 11. Februar 2020 iwwert Landschaftsprimm publizéiert ginn. Landwirtschaftlech Betriber hunn 3 Méint Zäit fir d‘Entschiedegungsprimm an der Héicht vun 30€/ha Akerland beim fräiwëllege Verzicht op Glyphosat unzefroen.

 

Dës Primm gëtt awer just nach fir Kulturjoer 2020 ausbezuelt well ab dem éischte Januar 2021 de generelle Verbuet vum Glyphosat zu Lëtzebuerg a Kraaft trëtt.

 

An dësem Kontext wollt ech dem Här Landwirtschaftsminister an dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen.

 

  • Firwat gëtt Entschiedegungsprimm beim fräiwëllege Verzicht op Glyphosat net bis zu deem Datum ausbezuelt wou op EU-Niveau Geneemegung vum Glyphosat ausleeft d.h. bis Dezember 2022?

 

  • Wat ass déi genee Exit-Strategie vun der Regierung a Saache Glyphosat?

 

  • Ginn et schonn éischt Tëscheresultater an Erkenntnisser vum Fuerschungsprojet ANGEL dee vun 2019 bis 2021 leeft a wou méiglech Alternativen zum Glyphosat an der Landwirtschaft ënner reelle Bedingunge gepréift a bewäert solle ginn?

 

  • Gett bei den CFL schonn ab 2020 op glyphosathalteg Produite verzicht oder réischt ab dem Joer 2021 ?

 

 

 

 

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

 

 

Martine Hansen

Députéiert

Zréck