Wéini a wéi gëtt an der Landwirtschaft eng klimaschutzpolitesch Moossnam op hiren Impakt hisiichtlech der sozialer Gerechtegkeet evaluéiert, an ënnert wei enge Konditioune gëtt eng klimaschutzpolitesch Moossnam duerch e finanziell Ëmverdeelungsmechanismus kompletéiert ?

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro iwwer klimaschutzpolitesch  Moossnamen un den Här Landwirtschaftsminister weider ze leeden.

 

An der Äntwert op parlamentaresch Fro No 1839 vum 6. Februar 2020 präziséiert den Här Landwirtschaftsminister, dass all klimaschutzpolitesch Moossnam op hiren Impakt hisiichtlech der sozialer Gerechtegkeet géif evaluéiert ginn. Opgrond vun dëser Evaluatioun kéint déi getraffe Moossnam gegebenefalls duerch e finanzielle Ëmverdeelungsmechanismus kompletéiert ginn, dee no der sozialer Situatioun vun deene betreffende Persoune berechent gëtt.

 

An dësem Kontext wollt ech dem Här Landwirtschaftsminister folgend Froe stellen.

 

  • Wéini a wéi gëtt eng klimaschutzpolitesch Moossnam op hiren Impakt hisiichtlech der sozialer Gerechtegkeet evaluéiert ?

 

  • Ënnert wei enge Konditioune gëtt eng klimaschutzpolitesch Moossnam duerch e finanziell Ëmverdeelungsmechanismus kompletéiert ?

 

  • Wei gëtt déi sozial Situatioun berécksiichtegt?

 

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Martine Hansen

Députéiert

 

 

Zréck