Rezent goufen d’Baueren an d’Wënzerbetriber vum Enregistrement ugeschriwwen, dat ab elo kee Planzeschutzmëttel méi duerf op Staatsflächen agesat ginn, an déi lafend Pachtverträg deementspriechend ugepasst ginn. Dozou ginn et eng Partie Froen.

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an den Här Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung weider ze leeden.

Rezent goufen d’Baueren an d’Wënzerbetriber vum Enregistrement ugeschriwwen, dat ab elo kee Planzeschutzmëttel méi duerf op Staatsflächen agesat ginn, an déi lafend Pachtverträg deementspriechend ugepasst ginn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Madamm Ministesch an den Här Minister stellen:

  • Wéi vill Betriber si vun där neier Dispositioun betraff? Wéi vill Hektar Staatsfläch gëtt aktuell landwirtschaftlech genotzt a befënnt sech innerhalb vu sougenannte FLIK-Parzellen?
  • Sënn alleguer d’Planzeschutzmëttel, obwuel se vum Landwirtschaftsministere eng offiziell Zouloossung hunn, op dëse Fläche verbueden oder ginn hei Ausname gemaach? Wann jo – wéi eng a firwat?
  • Gëllt dëse Verbuet fir all staatlech Flächen, och fir déi, déi net landwirtschaftlech genotzt ginn ? (Verwaltungen, Etablissements publics )
  • Gin Entschiedegunge bezuelt fir Betriber, déi ab elo op engem Deel vun hire Fläche mussen op Planzeschutzmëttel verzichten an  a sougenannte 5-Jores Kontrakter vu fräiwëllege Programme gebonne sinn, wou déi nei Konditiounen op engem Deel vun de Fläche kennen dozou féieren dat beispillsweis en Rotatiounsprogramm net méi kann assuréiert ginn, d.h. dass si d‘Konditiounen vun de Kontrakter net méi kënnen erfëllen ?
  • Sinn dës Ännerunge vun de Pachverträg laut dem Pachtgesetz méiglech? Ginn d’Pächter doriwwer informéiert, dass och bei lafende Pachtverträg och ouni weideres kënnen Ännerunge gemaach ginn?
  • Laut mengen Informatiounen ginn et Verträg, wou d’Baueren een verbëllegte Loyer vum Enregistrement zougestane kruten, well se un Extensivéirungsmesuren deelhuelen. Ass am Sënn vun der Gläichbehandlung vun alle Betriber ee reduzéierte Loyer bei dëser Ännerung vun de Kontrakter virgesinn?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck