Hausse vun Akzisen soll och fir landwirtschaftleche Mazout gëllen : Ass eng Kompensatioun fir d’Bauere virgesinn ?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro fann der ënnert dësem Link : QP 1839

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro iwwert un den Här Landwirtschaftsminister weider ze leeden.

 

An enger Entrevue mat Vertrieder vun der Bauerenzentral huet den Här Landwirtschaftsminister informéiert, dass déi am Kader vum nationale Klima- an Energieplang ugekënnegt Hausse vun den Akzisen och fir den “landwirtschaftleche Mazout” géif gëllen. Mat dëser Decisioun ginn onweigerlech de Baueren hier Produktiounskäschte an d’Luucht a gläichzäiteg hellt de Konkurrenzdrock zou.

 

An dësem Kontext wollt ech dem Här Landwirtschaftsminister folgend Froe stellen

 

·         Ass een Ausgläich fir des zousätzlech Belaaschtung fir Bauere virgesinn?

·         Wann jo wat ass genee ugeduecht  ?

·         Wann nee firwat net?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

 

 

Martine Hansen

Députéiert

 

 

Zréck