Biogasanlag zu Réiden soll Bonus vun 2016 zeréck bezuelen a kéint existentiell Problemer kréien. Ass d’Regierung bereet ze hëllefen ?

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro iwwert Biogasanlag Réiden/Atert un den Här Energieminister weider ze leeden.

Biogasanlag Réiden/Atert war déi 1. Gemeinschaftsbiogasanlag am Land. Nieft der Stroumproduktioun gëtt Ofwäermt genotzt fir e.a. den Atert/Lycée mat Internat, Sportshal respektiv Réidener Schwämm ze hetzen.

Rénumératioun vun der Stroumproduktioun vun der Biogasanlag Réiden/Atert fält ënnert Dispositioune vum groussherzogleche Reglement vum 1. August 2014 iwwert Stroumproduktioun duerch erneierbar Energien. Dofir profitéiert dës Anlag duerch ee Bonus vun engem méi favorabel Aspeisetarif, e Bonus deen awer un eng festgeluechte Mindest-Stroumproduktioun gekoppelt ass déi all Joer muss erreecht ginn.

Laut mengen Informatiounen huet dës Biogasanlag duerch technesch Problemer am Joer 2016 net déi Quantitéit un Energie kënne liwweren déi an de Kontrakter festgehale gi sinn. Virgab gouf em 0,46% verfeelt. Dofir musse Bedreiwer elo de Bonus vun der kompletter Stroumproduktioun vum Joer 2016 zeréckbezuelen, en Betrag vun iwwer 240.000€.

Dës Decisioun bréngt déi Réidener Biogasanlag elo a grouss finanziell Schwieregkeete woubäi och een Zoumaache vu dëser Anlag zur Zäit net kann ausgeschloss ginn.

An dësem Kontext wollt ech dem Här Energieminister folgend Froe stellen

·         Kann d’Regierung mir des Informatioune bestätegen ?

 

·         Ass d’Regierung der Meenung, dass déi bestoend Reglementatioun nach sënnvoll ass ?

 

·         Ass d’Regierung bereet eppes dorunner ze änneren ?

 

·         Wann Biogasanlag géif zougemaach ginn, wei gëtt an Zukunft de Réidener Lycée samt Internat mat Hetzt versuergt ?

Laut mengen Informatioune sinn déi favorabel Aspeisetariffer bei Biogasanlagen nëmmen sou laang garantéiert bis d’Anlag ofgeschriwwen ass. Duerno fällt de Präis fir de Stroum op een Niveau wou et net méi rentabel ass Biogasanlage weider ze bedreiwen

·         Ass dëst Reglement am Kader vun onendlechem Ressourcëverbrauch nach sënnvoll ?

 

·         Ass ugeduecht déi méi favorabel Apeisetariffer a Zukunft méi laang lafen ze loossen ?

 

·         Wei héich muss e neien Investment an eng bestoend Biogasanlag si fir rëm vun de méi favorabelen Aspeisetariffer kennen ze profitéieren ?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

 

 

Martine Hansen

Députéiert

 

 

Zréck