Questions parlementaires

Nodeems datt Kanner bei eis am Land wéinst dem Confinement och wochelaang net hirem Spill- a Beweegungsdrang konnte nokommen, wat op Dauer zu sozialen a gesondheetleche Problemer ka féieren, stellt sech d’Fro ob nom Ophuele vum Schoulbetrib am Enseignement fondamental och nees d’Spillplazen opgemaach ginn ?

Wéi gesäit et aus mam Remboursement vun de Prêten, déi de Betriber am Kader vun dëser sanitärer Kris akkordéiert goufen?

Funktionéiert de Bewässerungssystem um Tram-Tracé momentan net oder aus wéi enge Grënn ass de Gréngsträife plazeweis verdréchent?

Am Kader vun de staatlechen Hëllefsmesüren an der Corona-Kris gëtt et vill Duercherneen, Onkloerheeten a Feeler beim Ëmsetzen a Verdeelen vun de finanziellen Hëllefen am private Secteur.

Wäert wéinst der sanitärer Kris de “Comité de coordination tripartite” aberuff ginn ?

Kann een wärend der Kris d’TVA fir Protektiounsmaterial vun 17 % op 3 % erofsetzen ?

D’Regierung well op fräiwëlleger Basis e Groussdeel vun der Populatioun op de Covid-19 Virus testen. Kann d’Regierung eis de genaue But vun dësem Projet nennen an erklären wéi eng Donnéeë vun de Leit zréckbehale ginn?

Dierfen och d’Veterinäre rëm vum 4. Mee un normal schaffen?

Wann déi nei Test-Strategie bis ufänkt, ginn dann fir negativ getesten Persounen d’Lockdown Beschränkungen opgehuewen ?

Kann d’Regierung eis Detailer zu der Nominatioun vun der neier Direktesch vun der “Bibliothèque nationale du Luxembourg” ginn ?