Gëtt et ee Manktem u Beroder bei der ADEM a kréien d’Betriber dowéinst eventuell net genuch Kandidate fir fräi Plaze virgeschloen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Aarbechtsminister weiderzeleeden.

Laut engem Artikel vu Reporter.lu vum 23. Juli 2020, besteet beim Aarbechtsamt (ADEM) e „chroneschen Personalmangel“. Viru genau 5 Joer hätt d’Madamm Gaby Wagner, Directrice adjointe vun der ADEM, matgedeelt, dass en Aarbechtsberoder, vir effizient kënnen ze schaffen, net méi wéi 100 Aarbechtsloser sollt betreien. Laut dem Joresbericht vun 2018 vun der ADEM, waren et awer nach 255 Aarbechtsloser déi ee Beroder betreit huet. Laut deem selwechten Artikel, sollen vun deenen 1.700 Stellen déi beim Staat ausgeschriwwen sinn, nëmmen 26 bei der ADEM sinn, an dovun gëtt nëmmen 1 Aarbechtsberoder gesicht.

Wärend dem Lockdown wéinst der COVID-19 Pandemie hätt d’Betreiung vun den Aarbechtslosen praktesch nëmmen nach iwwert Telefon an Email stattfonnt an d’Aarbeschtsberooder wieren nëmmen nach am Noutfall fir perséinlech Gespréicher disponibel gewiescht. Och hätten d’Gespréicher tëschent Aarbechtsberoder an Aarbechtslosen net op enger rekurrenter Manéier stattfonnt an duerch den Personalmangel wieren den Betriber, déi ob der Sich no jonken Aarbechter waren, net genuch Kandidaten virgeschloen ginn, an dëst trotz erhéichter Aarbechtslosenzuelen.

Aus dëse Grënn wëlle mir folgend Froen un d‘Regierung stellen:

Kann d’Regierung eis confirméieren dass duerch de Mangel u Personal an duerch schlecht Kommunikatioun de Betriber net genuch Kandidaten virgeschloe gi sinn?
Falls jo, wat mécht d’Regierung vir dëse Probleem an Zukunft ze evitéieren?
Fënnt d’Betreiung vun den Aarbechtslosen de Moment erëm perséinlech statt?
Wann am Joer 2018 255 Aarbechtsloser vun engem Beroder betreit gi sinn, wéi vill sinn der am Joer 2019 respektiv 2020 vun engem Beroder betreit gin?
Vun deenen 1.700 Platzen déi beim Staat ausgeschriwwen sinn, ass dovun nëmmen eng Platz vir Aarbeschtsberooder bei der ADEM?
Dat däitscht Aarbechtsamt huet sech säit dem Abrëll em dat véierzéngfacht vergréissert. Ass d’Regierung bereet nach weider Platzen vir Aarbechtsberoder ze schafen vir de Probleem vum Personalmangel ze léisen?
Wat gesäit d’Regierung vir, vir d’Iwwerlaaschtung an esou och e Mangel (v)un Aarbeschtsberooder ze verhënneren ?
Laut der Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung (OECD) huet sech d‘Digitalisatioun vun der perséinlecher Berodung an Holland schonns bewäert. Matt der Reform vun der ADEM, sollt d’Digitalisatioun vun der perséinlecher Berodung virun 2 Joer méi Zäit vir déi eigentlech Berodung erméiglechen.

Wou ass d’Regierung mam Digitaliséierungsprozess vun der perséinlecher Berodung drun?
Wat gesäit d’Regierung vir ze ënnerhuelen, vir dass de perséinleche Kontakt, deen duerchaus wichteg ass bei esou enger Berodung, duerch Digitaliséierung net ze kuerz kennt?
 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

 

 

Marc Spautz                                       Ali Kaes

Deputéierten                                    Deputéierten

 

 

 

 

 

 

Zréck