Bis zum Enn vun der Vakanz stinn nach eng Partie Summerkolonien um Programm, eng Partie sinn och schonn eriwwer. Wéi gesäit et mat de positive Covid-19 Fäll an de Lëtzebuerger Summerkolonien aus?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro un den Här Minister vun der Educatioun a Jugend, an un d’Madamm Gesondheetsministesch weider ze leeden.

Eisen Informatiounen no ginn et eng Rei vu positive Covid19-Fäll och a verschiddene Lëtzebuerger Summerkolonien. Dës Kolonien si jo ganz beléift a bidden och eng flott Méiglechkeet an Alternativ zu de Vakanzen. Bis zum Enn vun der Summervakanz stinn och nach eng ganz Rei vu Kolonien un.

 

An dësem Kontext, wëll ech gäre folgend Froe stellen:

  • Sinn d‘Ministeren au courant vun dëser Entwécklung an de Summerkolonien?
  • Wier et sënnvoll, wann esouwuel d’Moniteuren, wéi och d‘Kanner sech virun der Kolonie géifen teste loossen, fir eng gewësse  Sécherheet ze hunn?
  • Gedenken d‘Ministeren d‘Consignë fir d‘Moniteuren an de Kolonien ze verdäitlechen, gegebenfalls  d’Recommandatiounen, déi d‘Resposnabel vum SNJ hinnen ginn hunn, ze verschäerfen?
  • Wa jo, wéini, wat genee a wéi?
  • Wéi gesäit et aus mat der Logistik an den Dortoirë fir d’Kanner? Gëtt et do eng nei Consigne, wéi vill Kanner zesummen an de respektive Kummere kënne beienee schlofen?
  • Wou fannen déi Responsabel séier  Hëllef, wa si Froen hunn am Fall vu Bedenken zu engem Kand, dat Symptomer huet?
  • Wier et net sënnvoll wann di Responsabel vun de Kolonien am Virfeld dem Ministère sämtlech Nimm vu Kanner géifen zoukomme loossen, sou dass am Fall wou si géifen ee Kand mat Symptomer missen heemschécken, an dat positiv géif getest ginn, de Ministère direkt wéisst em wéi  e Grupp et sech géif handelen an domadder  di néideg Demarchen kéint ënnerhuelen?
  • Wëssen déi Responsabel vun de Kolonie, wéi si sech solle verhalen par Rapport zu deenen aneren Kanner am Fall vun engem Kand, dat Symptomer huet a scho isoléiert ass? Missten si do net dee Moment eng Maskepflicht aféieren?

 

Mat beschte Gréiss,

 

Françoise Hetto

                                                   Deputéiert

Zréck