Gedenkt d’Regierung Ofbéi-Assistenten fir Camionen a Bussen fir déi bestehend Gefierer obligatoresch ze maachen an eventuell ze subventionéieren?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu Ofbéiassistente bei Camionen, Busser oder soss gréisser Gefierer un de Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weider ze leeden.

Duerch d’Corona-Kris erliewe mer grad en Boom vum Vëlo. Gläichzäiteg hellt och de Verkéier rëm méi zou, soudass een an Zukunft mat engem nach méi grousse Konfliktpotential tëschent dem motoriséierte Verkéier an de Vëlosfuerer, bzw. Foussgänger rechne muss. Dobäi sinn d’ofbéiend Camionen a Busser eng besonnesch grouss Gefor fir Vëloen a Foussgänger. Eng Méiglechkeet fir d’Sécherheet vun dëse Leit ze verbesseren si méi LKW-Ofbéiassistenten. Sou en Assistent ass fir Camionen, Bussen a soss gréisser Gefierer geduecht fir Vëloen a Foussgänger am doudege Wénkel ze detektéieren. Ab 2022 sinn sou Assistente fir nei zougeloosse Camionen an der EU Flicht, mee fir di bestoend Flotte vu grousse Gefierer besteet keng Flicht fir dës och ëmzerëschten. D‘Logistikentreprisen zecken awer mat enger Ëmrëschtung, vue dass et duerch déi zousätzlech Ausgaben zu engem Wettbewerbsnodeel kéint kommen.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

1.      Erhiewt d’Police Statistiken zu den Doudeger duerch rietsofbéiend Camionen, Busser oder soss gréisser Gefierer? Wann jo, wéi vill Foussgänger bzw. Vëlosfuerer sinn an deene leschte Joren duerch rietsofbéiend grouss Gefierer em d’Liewe komm?

Gedenkt d’Regierung en Assistent fir och di bestoend Camionen a Busser zu enger Flicht zu Lëtzebuerg ze maachen an sou Vëloen a Foussgänger am doudege Wénkel ze detektéieren?
Huet d’Regierung wëlles mat Subventiounen oder steierlech Vergënschtegungen d’Norëschtung mat Ofbéiassistente bei LKW ze fërderen?
Ënnerhëlt d’Regierung weider oder aner Moossname fir Vëloen a Foussgänger ze schützen, z.B. ënnerschiddlech Gréngphasen, Fuerschung vun Accidenter oder vum Autosverkéier getrennte Vëlosweeër?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Nancy Kemp-Arendt

Deputéierten

Zréck