A punkto Large-Scale-Testing huet d’Gesondheetsministesch dem Luxembourg Institute of Health eng Derogatioun accordéiert an et esou dësem Institut erlaabt, déi sougenannten Pooling-Method ze applizéieren mat der Zilsetzung d’Testkapazitéiten ze erhéijen. Wéi effikass a sécher ass des Pooling-Method?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, géife mir Iech bieden folgend dringend parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister an un den Här Minister fir Héichschoul a Fuerschung ze schécken.

 

Den 22. Mee 2020 huet Lëtzebuerg de Large Scale Testing (LST) lancéiert. D’Autoritéiten hu sech am Kontext vum deem Screening awer net op eng eenzel Test Method baséiert. Am Géigendeel. D’Madamm Minister huet dem Luxembourg Institute of Health eng Derogatioun accordéiert an et esou dësem Institut erlaabt, déi sougenannten Pooling-Method ze applizéieren mat der Zilsetzung d’Testkapazitéiten ze erhéijen.

 

Op science.lu kann een zu der Pooling-Method Folgendes liesen:

 

„Pooling bedeutet, dass 4 Tests gleichzeitig ausgewertet werden. Diese ist möglich, da man insgesamt noch relativ wenige positive Fälle erwartet. Ist die gepoolte Analyse positiv, werden alle 4 Proben nochmals separat überprüft. Durch diese Methode kann die Kapazität der großflächigen Testung bei gleichbleibender Qualität erhöht werden.“

 

An engem Time-Artikel steet dozou:

 

„The idea [behind pooling] is to get more out of each COVID-19 test by skimming off a small amount of material from each person’s sample, combining them into a single ‘sample’ and running the test on that. If the sample is negative, then there’s a good chance that all of the people who contributed to that sample are negative for COVID-19. If the pooled sample is positive, then technicians go back and test each sample separately to determine which one was positive.“

 

Duerfir wéilte mir folgend Froen un d’Regierung stellen :

 

  • Gëtt d’Pooling-Method och zu Lëtzebuerg gemäss der virgenannter Beschreiwung duerchgefouert, i.e. dass wann de kombinéierten Test positiv ass, dass dann déi eenzel Echantillone eng 2. Kéier getest ginn?

 

  • Sollt dat net Fall sinn, kéint et dann net sinn, dass duerch d’Pooling-Method net vum virus-betraffe Persounen als „positiv“ getest gëllen, obwuel se et net sinn? Wéi héich ass d’Probabilitéit, dass et an deem Kontext zu „falsche positive“ kënnt?

 

  • Wat geschitt mat deene betraffene Leit?

 

  • Ginn alleguerten d’Persounen, déi am gepootlen Test „positiv“ waren direkt vum Gesondheetsdirekter fir 2 Wochen an Isolatioun gesat, obwuel se méiglecherweis net „positiv“ sinn/waren?

 

  • Wann net, gëtt déi 2. Test mat dem net gepoolten Echantillon ofgewaart ier de Gesondheetsdirekter eng Isolatiounsordonnanz rausgëtt?

 

  • Ginn et méiglecherweis Leit déi onrechtméisseg hir Fräiheet entzunn kruten?

 

  • Besteet nieft engem Recours virum Verwaltungsgeriicht, och d’Méiglechkeet vun engem Recours gracieux beim Santésdirekter?

 

  • Wa jo, zitt de Gesondheetsdirekter op Virweisen vun engem negativen Diagnostiktest seng Isolatiounsordonnanz zréck?

 

  • Wa nee, wéi solle sech déi betraffe Persounen uleeën fir virzäiteg aus der Isolatioun rauszekommen?

 

  • Kann d’Madamm Minister eis soen, ob d’Tester, déi d’Leit kënne maachen, wa se an d’Ausland mussen, och „gepoolt“ ginn/goufen?

 

  • Kann d’Madamm Minister eis soen, wéi vill Tester fir de Large Scale Testing kaf goufen? Wéi vill där Tester si Stand haut nach disponibel?

 

Mat déifstem Respekt,

Martine Hansen
Deputéiert
Georges Mischo
Deputéierten

 

Zréck