De C.R. 134 tëschent Manternach a Mäertert war fir bal drësseg Méint praktesch onënnerbrach aus verschiddenen Ursaache gespaart. Wärend dëser Zäit huet de Verkéier missen ëmgeleet ginn an d´Leit aus der Géigend hu vill Ëmweeër misse fueren.

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir ëffentlech Aarbechte weider ze leeden.

De C.R. 134 tëschent Manternach a Mäertert war fir bal drësseg Méint praktesch onënnerbrach aus verschiddenen Ursaache gespaart. Wärend dëser Zäit huet de Verkéier missen ëmgeleet ginn an d´Leit aus der Géigend hu vill Ëmweeër misse fueren. Als Grond fir d´Aarbechten ass d´Erofrutsche vum Talus laanscht d´Syr ugefouert ginn.

Ech wëll an dem Kontext folgend Froen un den Här Minister stellen:

  • Wéi eng Aarbechte sinn hei gemaach ginn?
  • Aus wéi engem Grond hunn dës Aarbechten sou laang gebraucht?
  • Wie kënnen an Zukunft sou laang Chantiere besser koordinéiert ginn, fir d’Bauzäiten esou kleng wéi méiglech ze halen?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Léon Gloden

Deputéierten

Zréck